close

Coal Street MinOrs

07.12.2019

"Play Blues, have fun and don't forget to boogie" ass hieren Motto. D’Band The Coal Street MinOrs besteht zanter Oktober 2012. D'Member hu sech an der Bluesschoul zu Déifferdeng kennegeléiert, wou d'Léift zum Blues sie säitdeem vereenegt. The Coal Street MinOrs covert haaptsächlech Stëcker aus dem Blues-Répertoire, mä net nëmmen. Nieft Swing, traditionellem Blues, Rhythm'n'Blues a Boogie schläicht sech heinansdo e klenge Rock oder Funk an d'Setlëscht. Den 7ten Dezember hunn sie " A Bau" gerockt. Vill Spaass beim Fotoen kucken . . . .