close

Max Cinus live A Bau

27.11.2021

De Max Cinus ass e Gittarist a Komponist aus Lëtzebuerg, deen säit den 80er Joren an der lokaler Musekzeen aktiv ass. Hien ass Matbegrënner vun de Musekgruppen M.Experience, Human Bite, Galileo, Blue Messengers , IT&CO , Renegade Dukes an United. Ganz fréi huet de Max Cinus säin eegene Stil fond a wousst mat sensiblen Téin ze iwwerzeegen. Aktuell ass hie Member vun Djuju , United a Renegade Dukes, op der elektrescher Gittar. Säit kuerzem huet de Max Cinus en neie Projet wou hien akustesch Sologittar Stécker spillt vu Bands wéi ënner anerem Pink Floyd, Kansas, Beatles, Eric Clapton, mat och eegene Kompositiounen.